
Automobilisten, déi an Uertschaften iwwer 10 Kilometer an der Stonn ze séier fueren, mussen op d’mannst 50 Euro bezuelen, virdru waren et 25 Euro. Bei Vitessiwwerschreidunge vu méi wéi 30 km/h kommen op d’mannst 260 Euro op een duer an net méi 100 Euro.
Baussent Uertschafte wäerte bei Iwwerschreidunge vun iwwer 10 Stonnekilometer 40 Euro ufalen, a Vergaangenheet waren et der 20. E Protokoll vun 100 amplaz 70 Euro gëtt et, wann ee méi wéi 20 km/h ze séier ënnerwee ass.
Wie falsch parkt an dobäi erwëscht gëtt, muss an Zukunft och méi déif an d’Täsch gräifen. Bei einfache Verstéiss waart e Protokoll vu 55 Euro op de Chauffer an net méi 15 Euro. Steet e Gefier um Trottoir oder um Vëloswee, sinn et 110 Euro.
Op déi nei Veruerdnung gouf sech op der Verkéiersministerkonferenz vu Bund a Länner schonn am Abrëll gëeenegt. D’Ëmsetzung vum Bundesverkéiersministère huet allerdéngs op sech waarde gelooss. D’Reform war virun engem Joer fir e kuerzen Zäitraum aktiv, gouf awer wéinst engem Formfeeler nees ausser Kraaft gesat.