Tëscht 2011 an 2020Zu Lëtzebuerg sinn 9.423 Verkéiersaccidenter mat Kierperschied registréiert ginn

Roy Grotz
Et gouf 12.787 Affer, 324 Persoune si gestuerwen, dat heescht 2,5% vun den Affer.

Bal 10.000 Accidenter mat Blesséierten an iwwer 300 Doudeger: dat ass de Bilan vun den Tëschefäll op eise Stroosse bannent de leschten 10 Joer. De Statec schreift, datt vun Ugangs de 90er Joren u bis 2004 d’Zuel vun Accidenter stänneg erofgaange wier - dat ass zanterhier awer net méi de Fall.

Bilan Accidenter - Reportage vum Roy Grotz

Nee, well sech d’Zuel vun Accidenter mat Blesséierten oder souguer Doudegen bei der Barre vu ronn 1.000 d’Joer agependelt huet - dobäi goufen et an der Moyenne eng 1.300 Blesséierter: ee Véierel vun den implizéierte Leit gouf uerg verwonnt, 2-3% vun de Schwéier-Blesséierten stierwen un de Suitten vun den Accidenter.

An der Moyenne kann Ee soen, datt bei all véiertem Stroossen-Accident eng Persoun mat uerge Wonnen an d’Spidol komm ass.

Den Detail da vun den Accidenter: d’virlescht Joer waren an der Hallschent vun den Tëschefäll Autoen oder aner Gefierer dra verwéckelt, a 16% gouf eng Persoun ugestouss an an 13% sinn Ween an e Bam oder eng Mauer gerannt.

Wat d’déidlech Accidenter ugeet, sou ass d’Zuel vun deenen, wou eng Persoun ëm d’Liewe koum, well se an e Bam gerannt war, massiv erofgaangen: dat war virun 10 Joer nach all drëtten Accident, 2020 dunn awer nëmmen nach 13%.

Déi vulnerabelst am Stroosseverkéier sinn déi jonk Chaufferen tëscht 18 an 24 Joer. Si maache bal e Fënneftel vun alle Blesséierten an Doudegen am Trafic aus, woubäi dës Alterstranche awer nëmmen 8% vun der Populatioun duerstellt.

Déi meescht vun den Affer bei Verkéiersaccidenter sinn mat 62% Männer - an der Moyenne ginn 27% vun de männlechen Affer uerg verwonnt oder stierwe souguer.

D’Foussgänger dann: bannent de leschten 10 Joer sinn dem Statec no bal 1.700 Leit bei Accidenter ugestouss a blesséiert ginn, respektiv sinn ëm d’Liewe komm. Déi ufällegst vun de Foussgänger, déi an Accidenter verwéckelt sinn, sinn déi Jonk tëscht 15 a 24 Joer.

Et sief och gesot, datt bannent de leschten 10 Joer 64% vun de Foussgänger, déi blesséiert goufen oder verscheet sinn, net duerch hir Schold an d’Accident verwéckelt goufen a sech un d’Reegelen op der Strooss gehalen haten.

Bei Deenen, wou dat net de Fall war, sinn déi meescht ouni ze kucken iwwert d’Strooss gaangen, hannert engem geparkten Auto eraus virun e Gefier gaangen oder hunn de Foussgänger-Sträifen net benotzt.

D’Cyclisten maachen iwwerdeem bannent dem leschte Joerzéngt 4% vun de Verkéiersaffer aus. Dat sinn 629 Cyclisten, wouvunner der eng 200 uerg verwonnt goufen an 9 hiert Liewen bei engem Accident verluer hunn.

Ronn 1.700 Motocycliste dann waren d’lescht Joerzéngt an Accidenter verwéckelt. Eng 700 goufen uerg verwonnt, 61 Biker hunn hiert Liewe gelooss.

Mëtt nächst Woch stellt den Transportminister Bausch iwwerdeem de Bilan vun den Accidenter vun zejoert zesummen mat der Police fir.

PDF: De komplette Rapport vun den Accidenter (Statec)

Back to Top
CIM LOGO