Viru knapp 11 Méint war den Tunnel Schiebuerg tëscht Kautebaach a Wëlwerwolz wéinst engem Äerdrutsch agestierzt. Doropshin huet den Zuchtrafic missen ënnerbrach ginn. D’Linn 10 sollt am Dezember nees normal fueren, duerno war vun Abrëll Rieds. Ma dës Datumer konnten awer net agehale ginn.
De Méindeg de Moie konnt du wéi gesot den Zuch nees duerchfueren, wat de Passagéier vill Zäit erspuert.
D’RTL-Journalistin Monica Camposeo hat sech dann och op Clierf deplacéiert, fir Impressioune vun de Plaz anzefänken. D’Passagéier spueren op der Streck Clierf-Stad ronn eng hallef Stonn, elo wou den Tunnel nees op ass.
Den Infrastruktur-Direkter Henri Werdel vun den CFL war dann och ganz zefridden, wéi et um 1. Dag no der Reouverture gelaf ass, déi dann och éischter konnt gemaach ginn, wéi eigentlech ugekënnegt. Den Datum vum 5. August war jo viséiert ginn, ma well d’Aarbechten an d’Tester gutt virukomm waren, konnt een elo schonn de 24. Juli nees opmaachen.

Vum 20. August bis den 10. September kënnt et awer zu grousse Gleis-Neibauaarbechten tëscht Wëlwerwolz an Draufelt, wouduerch dann d’Streck nees muss zougemaach ginn. Déi Aarbechte goufe scho laang am Viraus geplangt a sinn d’Resultat vun enger europäescher Ausschreiwung, well hei speziellt Geschier gebraucht gëtt, fir dës duerchzeféieren. Iwwer 4 Kilometer Gleis gi komplett erneiert. Um Tunnel Schiebuerg si just nach sougenannte Finitiounsaarbechten ze maachen, déi sou duerchgefouert ginn, dass de Client näischt wäert matkréien.
Wärend den Tunnel Schiebuerg zou war, an deementspriechend och d’Zuchstreck op deem Deel, hat ee profitéiert, fir verschidde gréisser Maintenance- an Erneierungsaarbechten no vir ze zéien, wéi den Henri Werdel am RTL-Interview matdeelt. Sou goufen z.B. 4 Weichen zu Wëlwerwolz ersat an zu Äischer goufen 3 Stroosseniwwergäng komplett nei gemaach.
Wärend den Aarbechten Enn August an Ufank September ginn dann nees Busser agesat, fir den Transport vun de Passagéier ze garantéieren. Do konnt een an de leschten 11 Méint jo scho vill Erfarunge sammelen, esou dass een hoffe kann, dass d’Passagéier net all ze vill Zäit verléieren, wa se tëscht dem Norden an der Stad hin an hier fuere mam ëffentlechen Transport. Deemno heescht et och nees fir d’Schueberfouer, dass een net sou einfach aus dem Norden an d’Stad kënnt, an do deen een oder aneren awer wäert op den Auto zeréckgräifen. D’Fouer ass vum 23. August bis den 11. September.