Tunnel SchieburgZuchstreck tëscht Kautebaach a Wëlwerwolz eréischt no Ouschtervakanz nees op

RTL Lëtzebuerg
De 27. August war et op der Nordstreck tëscht Kautebaach a Wëlwerwolz wärend Entretiensaarbechten zu engem Äerdrutsch am Eisebunnstunnel Schieburg komm.
Tunnel Schieburg
Zuchstreck tëscht Kautebaach a Wëlwerwolz eréischt no Ouschtervakanz nees op.

Dësen ass zanterdeem komplett gespaart. Op enger Längt vu 4 Meter war et zu engem Äerdrutsch komm.

Als lescht Info hat et geheescht, dass den Tunnel den 11. Dezember nees soll opgoen. Deen Datum gouf awer en Dënschdeg de Moien op enger Pressekonferenz vun den CFL korrigéiert. Elo heescht et, et géif bis no der Ouschtervakanz daueren, bis déi Streck nees operationell ass.

PDF: Zousazinformatiounen zu den Aarbechten um Tunnel Schieburg

Back to Top
CIM LOGO