Camion zu Dippech beschiedegt BarrièreZuchtrafic tëscht der Stad a Péiteng fiert nees lues un

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'CFL matgedeelt haten, koum et en Donneschdeg de Moien zu engem Virfall mat engem Camion op der Héicht vun der Barrière zu Dippech.
© Domingos Oliveira / RTL

D’Zuch-Streck 70 tëscht der Stad a Péiteng war a béid Richtunge gespaart. Um kuerz virun hallwer 12 Auer dunn hunn d’CFL matgedeelt, dass d’Streck nees progressiv ka vun Zich befuer ginn, ma et wier awer mat enger Partie Retarden an Ausfäll ze rechnen.

D’CFL hate fir dës Streck dann och zäitweileg Busser agesat, fir d’Passagéier un hir Destinatioun ze bréngen. Dëse Service goufen offiziellen Informatiounen no bis 13.15 Auer garantéiert.

Ekippe vun den CFL waren op der Plaz zu Dippech, fir d’Barrière ze reparéieren an de Passage vum Stroossentrafic op dëser Plaz ze koordinéieren. Op Fotoen ass z’erkennen, dass wuel eng Barrière duerch de Camion geknéckt gouf an doduerch Kontakt mat engem Héichspannungskabel hat. Wéi d’CFL matdeelen, hat de Camionschauffer sech net un de Code de la route gehalen.

Weider Infoen an Updates ginn et um Site vun den CFL.

Back to Top
CIM LOGO