
De kompletten Zuchtrafic op dëser Streck (Linn 90) gouf dohier a béid Richtungen ënnerbrach. D’Rettungsekippe waren op der Héicht vu Beetebuerg op der Plaz. Wéi et géint 12.20 Auer vun den CFL heescht, géif den Zuchverkéier vu 14.30 Auer un nees progressiv opgeholl ginn. Et wieren awer och duerno nach Ausfäll oder Verspéidunge méiglech.
All Informatioune gëtt et op der Online-Plattform vun den CFL.