Automag vum 30. Mäerz 2023Zukunft bei VW

Paul Origer
2022 war e gutt Joer fir d’Mark Volkswagen. Wéi et elo virugeet, gouf zum Deel bei der Première vum ID. 2 zu Hamburg verroden.
© Paul Origer

De Paul Origer mat engem klenge Resumé iwwert d’Zukunft vu VW.

Automag: Zukunft bei VW

Wéi mer jo all wëssen, huet VW net déi einfachsten Zäit gehat?

Dat ass richteg; wéi bei all Autosmark sinn d’Liwwerengpäss e grousse Problem. D’Zuel vun den ausgeliwwerten Autoen ass dowéinst drastesch zeréckgaang an hunn de Bilan vun der zweeter Joereshalschent zimmlech belaascht. Duerch déi néideg Moossname bei de Käschte konnt mat engem operative Resultat vun 2,6 Milliarden Euro ofgeschloss ginn, domat wiisst de Benefice op 3,6 Prozent. VW profitéiert awer och vun hirer gudder Entwécklung an Nord- a Südamerika. Speziell op dëse Marché ofgestëmmte Modeller an déi lokal Produktioun hunn dozou bäigedroen.

Volkswon setzt dann och weider op d’Elektromobilitéit?

Genee. 2022 goufen 330.000 Elektroautoe weltwäit verkaf, dat waren 23.6 Prozent méi wéi d’Joer virdrun. A bis 2030 soll dësen Undeel nach wuessen; 8 vun 10 an Europa verkaaften Autoe sollen dann vollelektresch fueren. Och Nordamerika soll vun der E-Mobilitéit iwwerzeegt ginn, et gëtt sech hei bis 2030 een Undeel vu 55 Prozent erwaart.

Ech denken dat dann nach eng ganz Rëtsch nei Modeller vu VW kommen?

Dat op jidder Fall, an zwar gi bis 2026 zéng nei BEV-Modeller versprach. Domat ass dee renovéierten ID. 3 gemengt, esouwéi och säi sportlecht Derivat ID. 3 GTX. Den ID. Buzz kënnt dann mat laangem Radstand an de Passat kritt säin Elektro-Pendant a Form vum ID. 7. Volkswon wëll awer och nees den Auto vu jidderengem sinn a versprécht dofir mam ID. 2all ee bezuelbaren E-Auto ënner 25.000 Euro ze lancéieren. An do ass nach net Schluss, zu Hamburg op der Presentatioun goung esouguer vun engem Auto ënner 15.000 Euro rieds. Eng zäitlech Rumm huet VW deem ganzen awer net ginn. Natierlech muss et och déi néideg Capacitéite ginn; d’Wierk zu Emden gëtt komplett op E-Mobilitéit ëmgestallt a baut deemnächst den ID. 4 an den ID. 7. D’Heemecht Wolfsburg produzéiert dann vum Hierscht un de Facelift vum ID. 3, dofir goufe 460 Milliounen investéiert. Zwickau an Dresden si schonn ëmgestallt an den USA huet zu Chattanooga schonn d’Produktioun vum ID. 4 ugefaang.

Dat kléngt wéi wa bei VW de Verbrenner definitiv ofgeschriwwen ass?

Nee, awer net esou ganz. D’Nofro ass bei béiden Undriffer gläich héich, vun aktuell bestallte 660.000 VW an Europa sinn der 100.000 aus der ID-Famill. Den effiziente Verbrenner wäert also nach ëmmer am Programm bleiwen, virun allem bei Modeller fir Nordamerika a Brasilien, mee och bei eis wäerten z.B. Tiguan a Passat nach weider mat Bensinn oder Diesel fueren.

SITE: Volkswagen
Den Autofestival-Dossier op RTL.lu

Back to Top
CIM LOGO