Zanter leschter WochZwee parallel Chantiere suergen zu Ettelbréck fir Stau

RTL Lëtzebuerg
Wien dëser Deeg méi dacks zu Ettelbréck ënnerwee ass, muss viraussiichtlech nach bis zum Ufank vun der Rentrée vill Gedold matbréngen.
Chantier-Schëld (Symbolfoto)
© Miguel Teirlinck / Unsplash

Zanter dem 24. August gëtt an der Rue du Canal op der Héicht vum Hôtel de Ville bis bei d'Place Marie-Thérèse den Trottoir vergréissert. An dëser Zon ass et zanterhier deemno net méiglech ze parken. Och Gefierer, déi a Sous-terrainen an dësem Beräich geparkt sinn, kënne wärend den Aarbechten net ran oder raus. Et muss ee sech also baussent dem Chantier parken. Och weist d'Ettelbrécker Gemeng drop hin, datt wärend der Period vun den Aarbechten, d'Residenten am betraffene Beräich keng Liwwerungen empfänke kënnen.

Méi Detailer zum Chantier fannt Dir hei.

E weidere Chantier ass dann zanter dem 29. August an der Avenue des Alliés. Vun der Hausnummer 27 bis 43 ass d'Str eck fir Autoe gespaart, den Accès bei d'Tankstell ass awer garantéiert, genee wéi generell och e Foussgängerwee am concernéierte Beräich. Well et elo méi komplizéiert ass, vun hei aus an den Zenter vun Ettelbréck ze kommen, hu Ponts et Chaussées eng Deviatioun en place gesat.

Fannt hei weider Detailer zu dësem Chantier.

Back to Top
CIM LOGO