
Am Ganze si Spannen aus 11 verschiddene Familljen an der Lag, Schlaangen unzegräifen an ze friessen. Déi gréisste Spanne kënnen deemno Schlaange vu bis zu 1 Meter erbeuten, déi klengst der vu grad emol 6 Zentimeter. Ma dacks fänke Spanne léiwer jonk oder neigebueren Déieren.
Praktesch op alle Kontinenter, mat Ausnam vun der Antarktis, kënnt et vir, dass Spanne Schlaange friessen. 80 Prozent vun de Virfäll goufen an den USA an an Australien beobacht. An Europa géif sech dat Friessverhalen awer nëmme ganz seele feststellen.
Schwaarz Witwen hu besonnesch vill Succès bei der Schlaangejuegd. Hiert d’Gëft wierkt spezifesch op den Nervesystem vu Wierbeldéieren. Donieft wieren hir Netzer och aus extra fester Spanneseid, mat deene si ouni Problemer méi grouss Déieren - Eidechsen, Mais, Fräschen, Villercher oder Schlaange - fänke kënnen. Ëmmerhi gehéieren och 30 Prozent vun deene Schlaangen zu de Gëftschlaangen.
Fir eng Spann ass esou eng Schlaang eng wëllkomme Beut, un där si dacks stonnen- bis deeglaang frësst. Wat iwwreg bleift, huele sech dacks Seechomessen, Harespelen, Mécken oder si verschimmelen.