SchottlandMupp Rocco engagéiert fir net perfekte Whisky z'erschnoffelen

RTL Lëtzebuerg
De klenge Cocker Rocco gouf vun enger schottescher Distillerie agestallt, fir hire Whisky nach besser ze maachen.
© AFP Archivbild

De Rocco ass dofir zoustänneg, dee Whisky an den hëlze Fässer ze detektéieren, deen net sou gutt gelongen ass. A leschter Zäit krut d’Distillerie Grant’s zu Girvan am Südweste vu Schottland alt emol matgedeelt, dass et Problemer gëtt mat hirem Whisky.
Schold ass d’Holz, en natierlecht Material, sou de e Porte-parole. D’Produktioun vu Whisky ass e biologesche Prozess, et wéilt een alles dru setzen, dëse Produit, deen an den ale Fässer räife muss, esou perfekt wéi et geet hinzekréien. An do kënnt déi gutt Nues vum Rocco an d’Spill. Esou trainéiert Hënn riche 40 Mol besser wéi de Mënsch a kënnen e schlecht Faass oder all aner Anomalie erschnoffelen a signaliséieren.

De Rocco hat iwwregens eng Formatioun vu 6 Méint an huet an der Distillerie säin eegenen Zwinger. Och d’Stëmmung ënnert de Mataarbechter wier méi flott, zanter de Rocco dobäi ass, sou nach d’Ekippecheffin. Eng Win-Win-Situatioun deemno.

Back to Top
CIM LOGO