
Eng Universitéit am Süde vun Land préift grad eng nei Method, an zwar mat Muppen. Well e ganz séiere Schnelltest mat relativ gerénger Feelerquot, ass d’Hondsnues.
Et ass e Pilotprojet, mä d’Chercheuren hoffen, datt et eng Alternativ zu den aktuellen Depistage bidde wäert. Op der Fakultéit fir Veterinärmedezin ginn déi ultrasensibel Nuese vu 6 Hënn, Labradoren, ënnert d’Lupp geholl, déi souguer asymptomatesch Prouwen erschnoffele kënnen an dat mat enger Trefferquot vun 94,5%.
Wéi genee ginn dës Labradoren op dës wichteg Aufgab trainéiert a wéi séier si se wierklech.