Am Fréijoer ass déi Zäit vum Joer, wou vill wëll Déieren Nowuess kréien. Wann een e jonkt Déier fënnt, ass et net ëmmer déi richteg Reaktioun, fir ëm ze hëllefen. Dacks gi si iertemlecherweis fir Weesekanner gehalen. Ob Réi, Hues oder Villchen, déi Kleng hunn déi gréissten Iwwerliewenschancen, wa si mat hirer Mamm kënne grouss ginn, wéi wa si ouni hir Mamm agespaart sinn.
Wann een e klengt Réi fënnt, da soll een et mol leie loossen. Wichteg: Et soll een et net upaken. E Réi geet dacks iwwer Stonnen op d’Sich no Fudder a léisst dofir säi Jonkt eleng, gutt verstoppt am héije Gras. Dofir ass e klengt Réi an de meeschte Fäll net op Hëllef ugewisen. D’Mamm kënnt puer Mol den Dag bei et, fir et ze nieren. Wann een dat Klengt awer upéckt, da richt et herno no Mënsch an da besteet de Risiko, datt d’Mamm net méi no him kuckt. Duerno ass et da wierklech a Gefor. Et riskéiert da vu Feinde gefriess ze ginn. Hëllef brauch e klengt Réi nëmmen, wann et blesséiert ass, wa seng Mamm gestuerwen ass oder wann et stonnelaang ronderëm leeft a kräischt. Op alle Fall soll e fir d’éischt bei der Fleegestatioun fir wëll Déieren uruffen, éier een eppes mécht.
Bei de Villercher ass et aneschters wéi bei de Réi. D’Villercher kënne manner gutt richen an esou kann een dann ouni Problem e klenge Villchen erëm an d’Nascht setzen, wann en erausgefall ass. D’Eltere kucken dann awer nach no him. Wann déi kleng Villercher bis Fiederen hunn a si al genuch sinn, dann trainéiere si fir ze fléien. Deen Ament hopse si eleng um Buedem ronderëm. D’Elteren iwwerwaachen a fiddere si och an dofir geet et hinne gutt. Wann een awer lo net sécher ass, ob alles an der Rei ass, da soll een d’Fleegestatioun kontaktéieren.
Och hei gëllt fir d’éischt d’Nummer vun der Fleegestatioun fir wëll Déieren ze wielen, éier een e klengen Hues upéckt. Et ass nämlech esou, datt déi Kleng ouni eegene Geroch op d’Welt kommen. Domadder an och duerch d’Faarf vum Pelz si se gutt getarnt viru Feinden. Wa si op d’Welt kommen, sinn hir Ae schonn op a si hu schonn hire Pelz. Si sinn also och gutt géint d’Keelt geschützt. Et dauert dann och net laang, bis si ronderëm lafen. Een Nascht hu si net, si verstoppe sech am héije Gras. Hir Mamm kënnt just puer Mol den Dag fir déi Kleng ze nieren. Si léisst si de Rescht vum Dag eleng, fir keng Feinden unzelackelen.
D’Fleegestatioun fir wëll Déiere beréit Iech gären op der Telefonsnummer 26 51 39 90. Si sinn de Moment all Dag op vun 8 bis 17 Auer. An der Haaptsaison vun Abrëll bis September hu si op vun 8 bis 20 Auer.