Haut feiere mir den internationalen Dag vun der Infirmière an dem Infirmier. Wann et drëms geet, konkret Verbesserungen fir dësen essentiele Beruff ze maachen, ass d'Fleegepolitik ewéi eng gliddeg Gromper, déi vun dem Engen an dem Anere seng Hänn geheit gëtt. Dobäi ass Gesondheet e Mënscherecht an et sinn dËmstänn, net de Beruff selwer, déi de Problem sinn. E Problem, deen ee behiewe kann. Eng Carte Blanche vum Anne-Marie Hanff.

Carte Blanche vum Anne Marie Hanff

Ech hat et schonn ugesprach: Mir brauchen 3.827 nei Infirmièrë an Infirmieren bis 2030: "Mee, wou soll dat alles hiféieren?" 

Wärend de politeschen Debat sech haaptsächlech ëm d’IRMe gedréit huet, gouf der Léisung vun de wierkleche Käerproblemer an der Gesondheetsversuergung wéineg Beuechtung geschenkt– änlech geschitt an enger rezenter Tëleesemissioun.

Dowéinst invitéiert de Beruffsverband haut den Owend zum internationalen Dag vun der Infirmière / dem Infirmier d’Gesondheetsministesch souwéi d‘Deputéierter aus der Gesondheetskommissioun op d’Virféierung vum Film "Heldin" mat enger uschléissender Diskussioun iwwert d’Zukunft vun der Infirmière / dem Infirmier zu Lëtzebuerg.

De Film gëtt de Begrëffer "Penurie" an "Aarbechtskonditiounen" e Gesiicht. Och zu Lëtzebuerg muss d’Infirmière / den Infirmier mëttlerweil, déi limitéiert Zäit beim Patient (60% vun eiser Aarbechtszäit) extrem effizient notzen. Mir analyséieren esouguer, wéi e Service architektonesch designt muss ginn, fir d’Weeër op e Minimum ze reduzéieren.
Dat muss ee sech emol op der Zong zergoe loossen!

Bei wéi engem anere Beruff gëtt esou eppes gemaach?!

A wéi solle mir bei engem sou enk getackten Alldag nach op déi individuell Bedierfnisser vun de Betraffenen agoen, Studenten encadréieren?!

De Beruff ass net de Problem, mee et sinn d‘Ëmstänn, déi d’Leit aus dem Beruff dreiwen an et Jonken net einfach maachen.

Mir kënnen de Betraffenen an hire schwieregste Momenter bäistoen, dofir si mir do, mee et zerräisst eis ënnerlech, wann d’Konditiounen eis et net erlaben, hinnen déi Fleeg ze ginn, déi se brauchen.

Déi gutt Noriicht: Aarbechtskonditioune kann ee verbesseren a gläichzäiteg géint d’Penurie virgoen!

Aarbechtgeber fänken u selwer Suen an de Grapp ze huelen, fir Léisungen ewéi de rezente Projet "Oxysoins", mee wou bleiwen d’politesch Decisioune bei esou enger nationaler Urgence?!

Oder soll de "Maart" dat nees vum selwen reegelen?

Dësen Owend kéint e wichtege Moment sinn, fir sech dofir ze bekennen, déi noutwendeg Ännerungen unzegoen, a sech domat och fir d’Fleeg zu Lëtzebuerg anzesetzen.

D‘Infirmièren / d‘ Infirmieren hunn nämlech all Grond houfreg ze sinn, des nobel Professioun ausüben ze dierfen!
Well als Infirmière / Infirmier:

·         Schenke mir Liewensqualitéit,
·         Kënne mir eis an aner Mënschen eraversetzen,
·         an dobäi de ganze Mënsch betruechten an d’Konsequenze vun der Erkrankung op säin Alldag.
·         Mir iwwerhuelen eng Aufgab, déi ville Leit Angscht mécht: Mir begleeden d‘Mënsche bis un d‘Liewensenn a léieren an esou Situatioune matzefillen, mee net mat ze leiden,

·         Mir kënne praktesch an theoretesch schaffen an doduerch Komplizéiertes an dat Einfacht iwwersetzen,
·         Och kënne mir ganz vill Saache gläichzäiteg maachen (meeschtens fanne mir och fir alles eng Léisung),
·         Dobäi treffe mir komplizéiert Entscheedungen a si gewinnt all Dag eng grouss Responsabilitéit ze droen (well et geet net ëm en onzefriddenen Cliente, mee en d‘Liewegt), an dowéinst maache mir och do weider wou anerer ophalen.

Eng Infirmière / een Infirmier ass eng (Iwwer)Liewensversécherung, déi an all Kris (sief et COVID oder Kricher,… ) hir Platz huet.

A spéitstens do mierkt een, dass ouni eis näischt leeft.
Happy Nurses Day!

PS: Merci dem Andree Fringer fir déi flott Inspiratioun fir dës Carte Blanche ! 
Weider Infoen op : https://www.fringer.swiss/pflege-2020/pflegestolz