D'Carte blanche vum Ben Piret Kannerfrëndlechkeet ass méi wéi Spillplaze bauen

Ben Piret
Wann iwwer Kannerfrëndlechkeet geschwat gëtt, da geet et séier ëm nei Spillplazen, méi Gréngflächen oder sécher Weeër. Dat ass wichteg. Mee et ass net dat eleng, wat en Ëmfeld wierklech kannerfrëndlech mécht.
© RTL-Grafik

D'Carte blanche vum Ben Piret

Mir Erwuessener plangen an organiséieren e groussen Deel vum Alldag. Mir begleeden all Schrëtt a gräife séier an, wann eppes net direkt funktionéiert. Dat geschitt aus gudder Absicht, mee wann all Schrëtt virgezeechent an all Problem vun Erwuessene geléist gëtt, huele mir de Kanner d'Méiglechkeet, Selbstvertrauen opzebauen, eegen Entscheedungen ze treffen an d'Konsequenzen dovun ze verstoen.

Kanner si vill méi kompetent wéi mir hinnen dat zoutrauen. Kanner léieren net nëmmen, wann hinnen erkläert gëtt, wéi eppes funktionéiert. Si léieren, andeems si ausprobéieren, diskutéieren, streiden, falen, nees opstinn an Entscheedungen treffen. Mir sollten eis dofir eng aner Fro stellen: Traue mir de Kanner eigentlech nach genuch zou?

Kannerfrëndlechkeet dréckt sech doduerch aus, wa mir Kanner no hirer Meenung froen. Wa mir hinnen Zäit ginn, eng Aufgab selwer ze léisen. Wann eng Schoul si un der Gestaltung vun hirem Alldag bedeelegt oder wann an enger Gemeng net nëmme fir Kanner geplangt gëtt, mee mat hinnen.

Dat si kleng Schrëtt. Mee si vermëttelen eppes Grousses: "Deng Meenung zielt. Deng Iddi huet Wäert. Ech trauen dir Verantwortung zou."

All Kéier, wa mir engem Kand dat vermëttelen, hëllefe mir net nëmmen engem Kand. Mir stäerken e Mënsch, dee léiert, sech anzebréngen, Entscheedungen ze treffen a Verantwortung fir sech, fir anerer a fir säin Ëmfeld ze iwwerhuelen.

D'UN-Kannerrechtskonventioun erënnert eis drun, datt Kanner e Recht hu bei Froen, déi si betreffen, hir Meenung ze soen an eescht geholl ze ginn. Dat ass net nëmmen eng rechtlech Verflichtung. Et ass eng Chance fir eis Demokratie a fir eng Gesellschaft, an där Mënsche vu klengem un erliewen, datt hir Stëmm eppes bewierke kann.

Vläicht ass dat déi gréisst Erausfuerderung fir eis Erwuessener: Kanner net ëmmer alles ofzehuelen, mee si als aktiv Matgestalter vun hirem Ëmfeld ze gesinn.

Eng Spillplaz kann den Ufank sinn, mee Vertrauen ass d'Fundament.

Back to Top
CIM LOGO