Online-Fake-Shop vun angeeblechem Lëtzebuerger mécht d'Ronnen

© Screenshot vun der Homepage
Zënter 1998 soll de "Lëtzebuerger" seng Rucksäck schonn hierstellen a verkafen. De Shop selwer gëtt et réischt zënter Mëtt Juli... a mécht lo nees zou.
Zënter e puer Deeg zirkuléiert op de sozialen Netzwierker en Online-Shop, dee Liedersposchen, Kierf a Rucksäck wëll un d'Fra an de Mann verkafen. Allerdéngs dréit et sech hei aller Warscheinlechkeet no ëm e Fake-Shop, wou een allerhéchstens e puer Euro méi liicht gëtt, e Kuerf awer wuel ni wäert ukommen.

Indicen, dass et sech hei ëm e Fake-Shop handelt, ginn et der méi wéi genuch. Eleng wann een op déi vill Schreiffeeler oder komesch Lëtzebuerger Formulatioun an den Texter vum Site oppasst, misst een u sech scho stutzeg ginn.
Weider gëtt et de Shop laut dem offizielle Site eréischt zënter 2025. An och op Facebook, wou de "Jean Weis" fir seng Produiten kräfteg Reklamm mécht, ass den éischte Post eréischt den 13. Juli 2025, also viru gutt enger Woch gemaach ginn. Dëst géif net wierklech mat der Geschicht zesummepassen, dass de Jean Weis seng Rucksäck a Poschen schonn zënter 1998 géif produzéieren a verkafen. Och dass hien elo e Shop géif zoumaachen, an alles mat kräftege Solde géif verkafen, ass eng typesch Masch, déi een bei sou Fake-Online-Shops zënter enger Zäit kann erkennen.
Kuckt een sech dës Rucksäck un, a sicht een dës online no, kënnt een bannent Sekonnen op Amazon eraus a mierkt, dass et sech hei net ëm Produiten vun engem Lëtzebuerger handelen, mä vun enger grousser chineesescher Mark mam Numm "GAOHONGMEI". Net nëmme kritt een hei genee déi selwecht Rucksäck, dat awer mat der Garantie, dass een se och tatsächlech geliwwert kritt, ma se sinn och nach däitlech méi bëlleg wéi déi vum Fake-Account vum "Jean Weis".

D'Fotoen déi da fir de Site an d'Online presenz genotzt ginn, sinn entweder AI generéiert, eppes dat een relativ séier och selwer mam bloussen A erkennt, oder et si Fotoen aus engem Image-Stock, déi deels iwwer 10 Joer al sinn. Notzt een Image-Reverse-Software, kritt een dann och schwaarz op Wäiss matgedeelt, dass keng vun de Fotoen authentesch ass, respektiv de "Jean Weis" weist. D'Foto vun him selwer gouf zu 99% vun der Software Chat GPT generéiert, sou eng kuerz Sich op Google.

© Screenshot Sight Engine
All dës Indicen weise ganz staark drop hin, dass wann een beim "Jean Weis" sengem Fake-Shop bestellt, ee seng Wuer ni wäert geliwwert kréien. Hei heescht et d'Fanger ewech loossen an de Profil am beschte mellen. Sierf et beispillsweis bei Facebook oder bei Bee Secure.
