
De Video soll änlech opgebaut si wéi en Extrait aus dem Journal vun RTL. D’Presentatrice a Journalistin Raphaëlle Dickes lancéiert den aktuelle Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel, deen erkläert, wéi d’Bierger mat senger Finanzinitiativ bis zu 512 Euro pro Dag kënne verdéngen.
En Doute kann ee bei dësem Video kréien, well eis Journalistin Raphaëlle Dickes hei Franséisch “schwätzt”. Am Journal op RTL Lëtzebuerg schwätzen eis Presentateuren, Moderatoren a Journalisten u sech awer all Lëtzebuergesch.
Et handelt sech also ëm den Deepfake. Der Journalistin wéi och dem Xavier Bettel gi Wierder an de Mond geluecht, déi si net gesot hunn. Opfälleg ass an dësem Fall awer, datt d’Stëmme vu béide genotzte Personnage ganz no un der Realitéit sinn.
Déi fake Reklamm, déi op Facebook ënner anerem vun der Säit “Hier, aujourd’hui, demain. Luxembourg” publizéiert gëtt, huet als Basis de Journal vum 23. August 2025 geholl. Dat kann ee gutt un der Kleedung an de Bijoue vum Raphaëlle Dickes erkennen. Den Hannergrond vum Studio gouf an dësem beaarbechte Video onkenntlech gemaach, fir datt een d’Bild vum Xavier Bettel besser driwwer leeën an een d’Sequenz ouni Changementer am Hannergrond an d’Läng zéie konnt.
D’Basis-Material vum Xavier Bettel kéint e Video sinn, deen den Ausseminister op sengem eegene Facebook publizéiert huet, wou hie sech géint gender-baséiert Gewalt ausschwätzt. Dat fënnt ee séier mat enger Sich iwwer spezialiséiert Programmer, wéi Google Lens, eraus.
An engem änleche Video, deen och déi selwecht Basis vum Vizepremier an Ausseminister geholl huet, soll de Xavier Bettel Reklamm dofir maachen, datt ee mat engem Investissement vun 250 Euro bis zu 30.000 Euro de Mount géif verdéngen. Och hei ass d’Virgoe vun den Onéierlechen änlech, si hunn awer den Deel vum RTL Journal op der Säit gelooss.
Änlech Meldungen a Reportagen esou wéi och Warnungen an Tipps op RTL.lu