Schrëtt fir SchrëttSekou Bamba: De Kampf vun engem 34 Joer ale Papp, fir ze iwwerliewen

Sibila Lind
Hien ass ouni Pabeieren zu Lëtzebuerg a brauch eng Nierentransplantatioun. Hei gëtt de 34 Joer ale Sekou behandelt, fir säi Liewen ze retten. Ma seng Zukunft bleift onsécher.

De Sekou kënnt aus der Elfenbeinküst, hien ass do gebuer an opgewuess. Hien huet d'Schoul ni fäerdeg gemaach, well seng Eltere sech seng Ausbildung net méi leeschte konnten. Am jonken Alter huet hien d'Konscht vum Polstere geléiert a fir sech selwer geschafft.

Hie gouf bestuet a krut zwee Kanner. D'Liewe war e stännege Kampf: genuch Sue fannen, fir de Loyer ze bezuelen, Iessen op den Dësch ze setzen, d'Rechnungen ze bezuelen a fir seng Famill ze suergen.

Wéi säi jéngste Jong nach net emol ee Joer al war, huet de Sekou ugefaangen, sech net gutt ze fillen. Ufanks huet hie probéiert, et ze ignoréieren. Mä iergendwann war säin Zoustand esou schlecht, dass hien huet mussen an d'Spidol goen. Mat just 30 Joer krut hien d’Diagnos: Niereversoen.

Fir d'éischt Kéier huet de Sekou d'Wuert "Hämodialyse" héieren, eng Behandlung, vun där hie virdrun nach näischt wousst.

"Den Dokter huet mir gesot, ech misst als éischt bezuelen, mä ech hätt keng Méiglechkeet, dat ze bezuelen. Dann huet hie mir gesot, datt ech an Europa eng richteg Behandlung kéint kréien", erënnert hie sech.

De Sekou stoung virun engem onméigleche Choix: do bleiwen, wou hie war, ouni Zougang zur Behandlung, déi hie gebraucht huet, oder seng Famill hannerloossen a probéieren, soss anzwousch ze iwwerliewen.

Schrëtt fir Schrëtt: Sekou 1
De Sekou ass schwéier krank a brauch eng Spender-Nier. Als Flüchtling ass säi Status awer nach net gekläert.

Bal blann ass hien an Europa gefuer

Am Joer 2023 ass de Sekou a Marokko ukomm. Mat ganz wéineg Suen huet hien en Zëmmer fonnt, dat hie mat dräi anere Leit gedeelt huet, an huet all Geleeënheetsaarbecht ugeholl, déi hie fonnt huet. Mee ouni reegelméisseg medezinesch Behandlung ass seng Gesondheet séier méi schlecht ginn.

Säi Gesiicht a säi Kierper sinn opgeschwollen. D'Middegkeet an d'Onwuel sinn ëmmer méi schlëmm ginn. Schlussendlech huet och seng Siicht ugefaangen méi schlecht ze ginn, bis zum Punkt wou hie bal blann war. Am Spidol hunn d'Dokteren him gesot, datt hien eng Hämodialyse brauch.

Fir e puer Méint konnt hie gratis Behandlung kréien. Dono gouf him gesot, datt hie misst bezuelen. De Sekou hat keng Suen a keng Anung, wat hie maache sollt.

Et gouf awer eng Persoun, mat där hie vun Zäit zu Zäit geschwat huet: e Mann, deen e klenge Buttek an der Géigend hat. Wéi de Sekou him vu senger Situatioun erzielt huet, huet hien decidéiert, dem Sekou ze hëllefen, ouni eppes dofir ze froen.

Enges Daags huet hien dem Sekou gesot, hie sollt prett sinn. E Schlauchboot géif geschwënn a Richtung Europa fueren a Migranten transportéieren.

De Sekou wousst net, wou hie géif landen, oder ob hien seng Hämodialyse weiderféiere kéint. Seng Siicht huet sech séier verschlechtert, an hie wousst, datt d'Rees geféierlech wier. Mee a Marokko ze bleiwe war keng Optioun méi. Also ass hien de Risiko agaangen.

„Ech hu mir gesot: wann et funktionéiert, funktionéiert et; wann et net funktionéiert, funktionéiert et net. Dat ass d'Liewen“, seet de Sekou.

Ongeféier 50 Leit waren um Boot. De Sekou hat net emol e Rettungsgilet, wat eng scho geféierlech Rees nach méi prekär gemaach huet.

Awer e puer Stonne méi spéit sinn si sécher a Spuenien ukomm.

Schrëtt fir Schrëtt: Sekou 2
De Sekou schafft bei der Stëmm vun der Strooss.

Friem Leit zu Lëtzebuerg ëm Hëllef froen

A Spuenien huet de Sekou endlech ugefaangen, dräimol d'Woch Hämodialyse ze kréien. Mä no e puer Méint huet hien decidéiert, erëm ze reesen. Hien hat héieren, datt d'Liewensbedingungen zu Lëtzebuerg gutt wieren an datt d'Land eng héichqualitativ medezinesch Versuergung géing ubidden.

Wéi de Sekou op der Gare zu Lëtzebuerg ukomm ass, huet hien ugefaangen, d‘Leit op der Strooss unzeschwätzen an hinnen ze soen, datt hie krank wier an Hëllef bräicht. Ee Mann ass stoe bliwwen an huet hien an de Centre Hospitalier de Luxembourg (CHL) bruecht.

Hie gouf an d'Spidol ageliwwert, wou d'Dokteren de Gesondheetsministère kontaktéiert hunn, fir eng Autorisatioun ze kréien, datt si hie kéinte behandelen. Dës koum séier, an de Sekou konnt nach de selwechten Dag mat der Hämodialyse ufänken.

Hie war e puer Wochen am Spidol a gouf spéider an d'Maison Escale bruecht, eng Ariichtung, déi vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch (CHEM) geréiert gëtt an deene Leit en Ënnerdaach gëtt, déi krank sinn a keng fest Adress hunn.

Zënterhier wunnt hien do.

Schrëtt fir Schrëtt: Sekou 3
De Sekou telefonéiert mat senger Famill a muss an d'Dialyse.

Dräi Joer ouni seng Famill ze gesinn

De Sekou huet seng Famill zënter dräi Joer net méi gesinn. Si schwätze per Videouriff, awer säi jéngste Jong, deen elo bal fënnef Joer al ass, kennt säi Papp nëmmen iwwert en Ecran.

Kee vu senge Kanner weess, datt hire Papp schwéier krank ass. Si froen hien ëmmer erëm, wéini si hien erëm gesinn. An de Sekou seet hinnen ëmmer, datt et geschwë wäert sinn.

Awer d'Distanz deet him wéi.

„Wat fir mech hei am schwéiersten ass, ass d'Einsamkeet, wéi vill Leit zu Lëtzebuerg. Mee ech versichen, mech ze motivéieren. Ech denken u meng Kanner a probéieren, meng Stëmmung héich ze halen. Ech versichen, mech op positiv Saachen ze konzentréieren, well soss ass et net einfach... Ech si krank, ech liewen hei ouni legale Status, ech kann net schaffen, ech sinn eleng... Et ass vill, fir domat eens ze ginn. Awer ech probéieren, et ze managen.“

Schrëtt fir Schrëtt: Sekou 4
De Sekou waart ëmmer nach op Neiegkeeten a sengem Dossier.

Wéi laang kann hien zu Lëtzebuerg bleiwen?

Trotz allem probéiert de Sekou weiderzekommen. Hie mécht dräimol d'Woch eng Hämodialyse an ass zweemol d'Woch benevole aktiv bei der Stëmm vun der Strooss.

Awer trotz der Behandlung, déi hie brauch, bleift d'Zukunft vum Sekou zu Lëtzebuerg onsécher.

Am Juli huet hien, mat der Hëllef vum Personal vun der Maison Escale, e puer Dokumenter ausgefëllt, déi hien den Immigratiounsautoritéiten agereecht huet, fir eng Openthaltsgeneemegung aus medezinesche Grënn unzefroen.

Wa seng Ufro akzeptéiert gëtt, kéint de Sekou seng Situatioun zu Lëtzebuerg regulariséieren. Dat kéint och d'Méiglechkeet opmaachen, op d'Waardelëscht fir eng Nierentransplantatioun gesat ze ginn. A vläicht kéint hien eng Kéier seng Famill endlech erëm gesinn.

„Ech géif gäre meng Famill nieft mir hunn - meng Fra a meng zwee Kanner. Ech stelle mir vir, vun der Aarbecht heem ze kommen an datt meng Kanner do op mech waarden. Dat ass mäin Dram. Ech hoffen, datt en eng Kéier zu Lëtzebuerg an Erfëllung geet.“

Kuckt hei nach emol all d'Episode vun der Doku-Serie Schrëtt fir Schrëtt oder elo och déi eenzel Geschichte beieneen:

Back to Top
CIM LOGO