Fir 50 Cent kritt ee bei der Stëmm vun der Strooss e Menü. Eng Plaz, op déi eng Rei Leit ugewise sinn, well si sech soss keen Iesse leeschte kënnen. Fir verschiddener sinn awer souguer 50 Cent nach ze vill. Dofir deele verschidden Organisatiounen an der Stad Lëtzebuerg – dorënner de Bistro social vun der Croix-Rouge – Iess-Stongen aus, mat deenen ee gratis z'iesse kritt. Vu Leit vum Terrain heescht et, d'Verdeele vu Stonge wär gestoppt ginn. Net just am Bistro Social, deen der Gemeng ënnersteet, mee och bei aneren Organisatioune wier et méi schwéier ginn, der ze kréien.
Eng Rei Leit, déi mir virum Restaurant social vun der Stëmm vun der Strooss untreffen, erzielen, dass si zanter e puer Woche vu verschidden Associatioune keng Jetone méi géinge kréien. Déi meescht wëllen net gefilmt ginn, mee si erzielen, dass och d’Streetworker, déi hinne soss Stonge ginn hunn, keng méi géinge verdeelen. Well dat vun engem Dag op deen anere geschitt wier, wier et och virum Restaurant zu Hollerech zu Rangeleie komm. D'Leit hätten net verstane, wisou datt op eemol esou entscheet ginn ass.
Och déi, déi trotzdeem nach an de Restaurant social iesse ginn, kruten d'Ännerunge mat. D'Leit, mat deene mir geschwat hunn, nenne verschidden Associatiounen oder och Kierchen, wou si hir Stonge soss siche gaange sinn.
Vun den Associatiounen, déi mir ugeschriwwen hunn, wollt bis op Medecins du Monde an d'Stëmm vun der Strooss selwer, keen en Interview virun der Kamera ginn. D'Alexandra Oxacelay, d’Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss, seet, dass hir Ekipp um Telefon vu Mataarbechter vun aneren Organisatiounen iwwer d'Ännerung informéiert ginn ass. Bei der Stëmm selwer hätt sech näischt geännert, d'Jetone kënnen ëmmer nach fir 50 Cent kaf ginn. Och bei Medecins du Monde hätt sech näischt geännert. D'Organisatioun huet awer och keng Konventioun mat der Stad Lëtzebuerg, präziséiert de Brice Goedert, Direkter fir d’Programmes des soins bei Médecins du Monde. Och si wieren iwwert aner Sozialaarbechter mëndlech gewuer ginn, et géing ee keng Jetone méi verdeelen. Dat huet Medecins du Monde och an de Consultatioune gemierkt, well ëmmer méi Leit hongereg komm sinn.
Bei enger gréisserer Associatioun huet et per Mail geheescht: "Et deet eis leed, mee do ass et am Beschten d'Stad Lëtzebuerg direkt ze froen." Op Nofro bei der Gemeng heescht et, dass just de Bistrot Social vun der Croix-Rouge d'Consigne kritt hätt, keng Jetone méi auszedeelen. Aner Associatioune wieren net betraff. D'Entscheedung wier geholl, well d'Zuelen "explodéiert" sinn, erkläert d'Corinne Cahen, Stater Schäffin. Et wier opgefall, dass vill Leit just nach an de Bistro Social gaange sinn, fir Stonge sichen ze goen. Woubäi d'Vocatioun vun deem Bistro am Fong déi ass, dass d'Leit sech do sollen ophalen, seet d'Corinne Cahen. Eng waarm Plaz, déi och Iessen zerwéiert a Sozialaarbechter, déi d'Leit beroden an hinnen hëllefe kéinten, erkläert si am Interview.
Den Zuele vun der Gemeng no wieren am Bistro Social am September 5.533 Passage gezielt ginn. Gewosst, dass eng Persoun och e puer Mol laanscht komme kann. Am Januar waren et nach 1.725 Passagen. Kuckt een zeréck op d'Joer 2023, do goufen am September hallef esou vill Passage gezielt wéi dëst Joer am selwechte Mount.
D'Streetworker, och vun aneren Organisatiounen, déi vun der Gemeng konventionéiert sinn, sollen d'Jetonen och net méi einfach esou verdeelen, mee just wann néideg, esou nach d'Corinne Cahen nom Interview. Dass d'Associatiounen alleguerte keng Jetone méi dierften erausginn, wier just eng Rumeur, déi sech ënnert de Leit verbreet huet, seet si.
Bleift nach d'Fro, wéi sech déi verschidden Entscheedungen an Aussoe konkret bei de Leit, déi Hëllef brauchen, am Alldag op der Strooss auswierken.