Aus Frëndschaft huet sech Léift entwéckelt an aus Léift de Wonsch no Kanner. Et war awer medezinesch séier kloer, dass et bei béide schwéier géif ginn, dass et op natierlechem Wee géif klappen. Weder Vitaminnen, Hormoner an Inseminatiounen hu gehollef, dofir ass d'Koppel 2021 an Däitschland op de Wee vun enger "in-virto-Befruchtung" gaangen. Beim zweete Versuch ass d'Laurie am Februar 2022 och schwanger ginn.
Mee am 6. Mount koum et dunn zum Schock. D'Zwillinge Yuna a Yann hunn d'Schwangerschaft nom 5. Mount net iwwerlieft. An och wa fir hir Elteren eng Welt zesummegebrach ass, hunn d'Laurie an de Christian déi ustrengend Prozedure vun enger in vitro Befruchtung nach dräimol iwwert sech ergoe gelooss. Mee de Kannerwonsch ass e Wonsch bliwwen.
Mee déi zwee wollten onbedéngt Eltere ginn an hu sech fir eng Adoptioun entscheet. Dee Prozess war dunn och bal ofgeschloss, bis d'Laurie op emol onerwaart an ouni medezinesch Hëllef schwanger ginn ass. Wéi duerch e klengt Wonner ass de 26. November 2024 de klenge Max op d'Welt komm, knapp annerhalleft Joer drop de Jim.
En Happyend? Jo, mee d'Laurie bleift Mamm vu 4 Kanner: "zwee déi bei eis sinn" an zwee am Himmel.