Ma wat soen dës Zuelen aus?
Wann ee sech mam Sars-Cov-2 infizéiert, gëtt et verschidde Krankheetsverleef, vun asymptomatesch bis schwéier krank. Wann d’Leit geimpft ginn, gi manner Leit krank a virun allem och schwéier krank.

Et ass dovun auszegoen, datt d’Impfung virun Iwwerdroung schützt. D’ Fro ass nëmme wéi vill? Et wäert keng steril Immunitéit ginn, also datt et, wa jidderee geimpft ass, guer keng Infektioune méi gëtt.
Et wäerte manner Leit de Virus iwwerdroen. A bei de Persounen, déi trotzdeem krank ginn, wäerten der manner schwéier Verleef hunn.

Den Impakt vum Vaccin wäert net esou staark sinn, ma trotzdeem wäerte virun allem schwéier Verleef kënne verhënnert ginn. Well eng Deel-Immunitéit ass ëmmer besser wéi guer keng.
