Fir de Joresdag vum russesche Krich huet d'Ukrain en Timber mat engem Wierk vum Stroossekënschtler Banksy zu Borodjanka rausbruecht. D'Demande ass riseg.

Um Timber ass e Motiv ze gesinn, deen de weltbekannte brittesche Kënschtler op enger Mauer an der schwéier zerstéierter ukrainescher Uertschaft Borodjanka gesprayt huet. Dorop e Kand, dat géint e groussen a mächtege Judoka gewënnt.

Ouni Zweiwel soll de grousse Mann de russesche President Wladimir Putin duerstellen, dee sech bekanntlech gäre mat senger Schwaarzer Ceinture an am Judo-Kostüm weist. D'Kand, datt och e Judo-Kostüm unhuet, symboliséiert wuel d'Ukrain.

Genee wéi scho beim Timber, op deen en ukraineschen Zaldot dem russesche Krichsschëff Moskwa de Mëttelfanger weist, stoungen d'Ukrainer e Freideg Schlaang virun der Post zu Kiew.