Wéi d'Creos an de soziale Medien matdeelt, ass de Projet op der Aire de Berchem, déi ee zesumme mat Ponts et Chaussées organiséiert huet, ofgeschloss.

Hei goufen déi zwee "Mëttelspannungsposten", déi an der Géigend vun der SuperChargy-Borne stinn, vun der Artistin Chiara Dahlem verschéinert. Inspiréiert huet si sech bei hirem Design un der Natur.