De Jupiter an d'Venus maachen eng Course

© Bryan Weis
Béid Planéite waren a sinn aktuell um Himmel gutt an däitlech z'erkennen. E Mëttwoch an Donneschdeg si se esouguer am nooste beieneen.
Béid Planéite gesinn an dëser Konstellatioun aus wéi "hell Stären" a komme sech och all Dag méi no. Schonn zanter Mëtt Februar kann een déi zwee um Himmel erkennen an direkt déi éischt zwee Deeg am Mäerz si se sech am noosten. Dat ass och deen Ament, wou d'Venus de Jupiter wäert "iwwerhuelen".
Eng richteg Course ass et awer net. Eenzeg gesäit dëst aus der Perspektiv, déi mir vun der Äerd aus hunn, esou aus. Am Weltall sinn d'Planéiten esouwäit vun eneen ewech, wéi dat ëmmer de Fall ass, a si verlafen an hire gewinnte Bunnen ëm d'Sonn. Vun eis aus gesinn, wäert de Jupiter deemnächst hannert der Sonn verschwannen, d'Venus dogéint ass eréischt Enn 2022 hannert der Sonn ervirkomm a beweegt sech elo vun hir ewech.
D'Venus, eisen Nopeschplanéit, klëmmt domadder um Himmel all Owend e bësse méi no uewen a wäert esou och an den nächste Méint nach um Himmel ze gesi sinn, wärend de Planéit ëmmer méi hell wäert stralen. Am hellste wäert d'Venus dann de 7. Juli liichten. De Gasris Jupiter dogéint wäert lues a lues vum Himmel verschwannen. Enn Mäerz gesäit een en da just nach owes ganz kuerz, nodeem d'Sonn ënnergaangen ass. Dono verschwënnt en an en daucht nees Enn Mee op, datt awer Moies.