Flatiron Building zu New York fir 190 Milliounen US-Dollar versteet

© LOURDEL LIONEL / HEMIS.FR hemis.frHemis via AFP
Dat dräieckegt Gebai, dat 21 Stäck héich ass, op der Kräizung tëscht dem Broadway an der 5ft-Avenue steet, an 1902 gebaut gouf, gouf elo zwangsversteet.
Aktuell ass d'Gebai, dat zu de beléiftste Fotomotiven zu New York gehéiert a schonn a sëllege Filmer war, deelweis hannert engem Gerüst verstoppt a bannendran ganz eidel.
Bis virun e puer Joer hat de Verlag Macmillan Publishers déi 21 Stäck vum "Streckeise-Gebai" gelount, ma nodeems de Verlag geplënnert ass, koum et zu engem Sträit tëscht de Besëtzer vum Flatiron Building. E Riichter huet schlussendlech d'Decisioun geholl, datt d'Gebai an enger Auktioun ënnert den Hummer kënnt.
E Mëttwoch huet dunn e Mataarbechter vun engem Investmentfong d'Flatiron Building fir 190 Milliounen Dollar gesteet. Den neie Besëtzer Jacob Garlick ass "immens geéiert, d'Verwalter vun dësem historesche Gebai ze sinn an et wäert d'Missioun vun eisem Liewe sinn, seng Integritéit ze garantéieren".