Den 31 Joer ale Joel Henare gëllt als dee beschte Schofsschuerer op der Welt. Dat huet hie beim Golden Shears zu Masterton ënner Beweis gestallt.

Manner wéi 60 Sekonne brauch de Neiséilänner, fir mat engem Scho fäerdeg ze sinn, kee Wonner also, datt hien schonn 132 Competitioune konnt gewannen. Ma nieft dem Joel Henare gëtt et eng jonk Hoffnung an dësem Sport. Den 19 Joer ale Reuben Alabaster huet an 8 Stonnen 746 Schof geschuer, e Rekord, wat d'Ausdauer ugeet. Hie präziséiert, datt et op déi richteg Technik ukënnt, well domadder ass ee méi séier an an engems ass et fir d'Déiere vill méi agreabel.

Dat, wat bei eis éischter e Beruff ass, an Neiséiland zum Sport mutéiert, kënnt net vun ongeféier. D'Land gëllt als gréissten Exportateur vu Schofswoll op der Welt. Ëmmerhi ginn et 25 Milliounen där Déieren op der Insel... 5 Mol méi, wéi mënschlech Awunner.