Op der A31 bei DiddenuewenAuto iwwerschléit sech, 23 Joer ale Mann mam Helikopter an d'Spidol bruecht

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Moie koum et zu engem schroen Accident op der A31 op der Héicht vun Thionville.
© anthony bouges SDIS57 / Archives

Wéi et a franséische Medien heescht, hätt den Auto sech géint 8:30 Auer op der Autobunn iwwerschloen a wier iwwer d'Leitplank geflunn.

Den 23 Joer ale Chauffer wier eleng am Auto gewiescht a wier schwéier blesséiert ginn. Hie koum mam Helikopter an e Spidol zu Nanzeg. D'Autobunn war a Richtung Nanzeg bal zwou Stonne gespaart.

Aktuell ass net gewosst, ob d'Affer a Liewensgefor ass.

Back to Top
CIM LOGO