Erënnerung un ee bekannte ResistenzlerBei der Stäreplaz steet elo eng Skulptur fir de Raymond Petit

Marc Hoscheid
Hien hat sech am Alter vun 22 Joer selwer erschoss, fir net der Gestapo an d'Hänn ze falen a seng Komeroden ze verroden.

Viru 84 Joer ass de Resistenzler Raymond Petit gestuerwen. Fir un hien an domadder och un de Widderstand am Grousse Ganzen ze erënneren, huet d'Stad Lëtzebuerg eng Gedenkplaz mat engem Monument amenagéiert. De Marc Hoscheid war dobäi, wéi d'Skulpturgëschter devoiléiert gouf.

Den 10. Mee 1940 gouf Lëtzebuerg vun der däitscher Wehrmacht besat. Als Reaktioun dorobber gouf de 4. September vun deem Joer zu Iechternach d'Lëtzebuerger Patriote Liga, kuerz LPL, gegrënnt. Mat dobäi waren de Raymond Petit an den Henri Roth, de Brudder vum Auteur Lex Roth. D'LPL huet ënnert anerem Fluchziedele verdeelt, fir géint déi däitsch Besatzer Stëmmung ze maachen, se huet sech géint d'Personenstandsaufnahme gewiert an deene bei der Flucht gehollef, déi op der Säit vun den Alliéierte géint Nazi-Däitschland kämpfe wollten. Den 21. Abrëll 1942 ass de Raymond Petit zu Bäerdref ëm d'Liewe komm. Am Alter vu grad emol 22 Joer huet hie sech selwer erschoss, well d'Haus, an deem hie sech verstoppt hat, vun der Gestapo ëmzéngelt war. Hie wollt esou verhënneren, den Nazien an d'Hänn ze falen, gefoltert ze ginn a seng Komeroden ze verroden. De Lex Roth kommentéiert dat Behuelen esou:

"Méi kann ee wierklech net maachen, net fir säi Land, net fir eis Fräiheet. Och wann elo iwwer 85 Joer duerno eis Kanner a Kandskanner sech keen exakt Bild méi doriwwer kënne maachen, dat kënne mer hinnen net zum Virworf maachen, dat ass esou."

Seng Generatioun wéist quasi och näischt vum 1. Weltkrich, ofgesi vun deem, wat een a Geschichtsbicher liese kann. Dowéinst wier et wichteg u Leit wéi de Raymond Petit an hier Geschichten ze erënneren.

D'Gedenkplaz ass op der Areler Strooss direkt bei der Stäreplaz. Genee do stoung nämlech dem Raymond Petit säin Elterenhaus. D'Stad Lëtzebuerg wollt dat Gebai kafen, well den Tram spéider iwwert deen Terrain fuere soll. An der Tëscht war dem Raymond Petit säin Neveu, deen dee selwechten Numm dréit, Proprietär vum Haus ginn. Déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet erzielt, datt och anerer um Gebai interesséiert waren, mee de Raymond Petit hätt séier ofgewonk.

"Well fir hie war eppes absolut d'Conditio sine qua non, fir datt duerch dee Kaf an duerch déi Neigestaltung, déi mer hei wäerten hunn, wierklech éiweg géing u säi Monni geduecht ginn an duerch säi Monni natierlech un all déi Resistenzler, Männer a Fraen, déi gehollef hunn, fir datt eist Land och haut nach ka soen, datt mer een independent a fräit Land sinn."

De Raymond Petit ass Sculpteur a sou louch et op der Hand, datt hien d'Monument fir säi Monni entwerfe géing. Den Numm vun der Skulptur ass "Le Flambeau". Hien hätt eng Fakel als Motiv erausgesicht, well déi een Zeeche vun der Fräiheet wier. Am Ufank hätt hien eng éischter kleng Maquette ugeluecht.

"Déi ass dann awer vun enger spezialiséierter Firma, déi mat Laservergréisserunge schafft, gemaach ginn. Dat war da just d'Form ouni Struktur an näischt. D'Struktur déi hu mer dunn dono gemaach, dann huet d'Géisserei Negativen an e puer Stécker dovu gemaach a se du gegoss an dono hu mer d'Patine gemaach an de Finissage."

D'Skulptur wäert awer nach eng Kéier plënneren. Am Kader vum Reamenagement vun der Stäreplaz gëtt eng Plaz ugeluecht, déi dem Raymond Petit säin Numm droe wäert. Wéini et sou wäit wäert sinn, ass nach net gewosst, ma bis dohi bleift d'Fakel op der fréierer Hausnummer 14 op der Areler Strooss.

Op där Plaz erënnert och eng Plaquette vun der LPL dorunner, dat do fréier dem Raymond Petit säin Elterenhaus stoung a wéi de Resistenzler ëm d'Liewe komm ass.)

Back to Top
CIM LOGO