Bekannt aus Alien, Top Gun oder M*A*S*HActeur a Regisseur Tom Skerritt am Alter vun 93 Joer gestuerwen

Kevin Kayser
65 Joer war den Tom Skerritt a méi klengen a méi grousse Produktiounen am Kino an op der Tëlee ze gesinn.
Den Tom Skerritt bei der Filmpremière vun "The 15:17 to Paris" an de Warner Bros. Studioen de 5. Februar 2018.
Den Tom Skerritt bei der Filmpremière vun "The 15:17 to Paris" an de Warner Bros. Studioen de 5. Februar 2018.
© CHRIS DELMAS/AFP

De 25. August 1933 gouf den Thomas Roy Skerritt zu Detroit als jéngste Fils vun engem Geschäftsmann gebuer. Als jonken Erwuessenen ass hien der US Air Force bäigetrueden an huet vun 1951 bis 1955 gedingt. Säin Debut am Film huet de Skerritt 1962 am Film War Hunt gefeiert.

Obwuel hie virdrun ëmmer nees verschidde méi kleng oder méi grouss Rollen hat, wéi ënner anerem bei Bonanza oder The Real McCoys, koum de groussen Duerchbroch fir den deemools 38 Joer ale Schauspiller duerch seng Roll als Duke Forrest am Film M*A*S*H. Néng Joer méi spéit huet hien dann an engem weidere Klassiker matgespillt. Bei Alien huet hien de Captain Dallas verkierpert. Bei Top Gun vun 1986 huet hien de Commander Mike "Viper" Metcalf gespillt. 1993 krut hien en Emmy fir seng Haaptroll an der Serie Picket Fences.

Dräi Mol war de Skerritt bestuet an huet aus dëse Relatioune fënnef Kanner. Hien ass den 21. Oktober am Alter vun 93 Joer doheem a sengem Haus zu Seattle gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO