
E Sonndeg de Moien kann een eng Stonn méi laang schlofen. D'Auere ginn op d'Wanterzäit ëmgestallt. Um 3 Auer ginn d'Zären also eng Stonn -deemno op 2 Auer- zeréckgesat. Dofir gëtt et, wéi et sech fir de Wanter gehéiert, awer och eng Stonn méi fréi däischter.
Mat dëser Ëmstellung gëllt ënnert anerem fir Lëtzebuerg elo déi sougenannt Normalzäit. Dës gëtt och Mëtteleuropäesch Zäit, an der Ofkierzung MEZ genannt, an huet eng Differenz vu genee enger Stonn zu der Weltzäit.
An der EU gëtt schonn zanter Joren doriwwer diskutéiert, d'Zäitëmstellung ofzeschafen. 2018 hat d'EU-Kommissioun dofir e Gesetzesentworf virgeluecht. D'Europäescht Parlament huet deem zougestëmmt, d'Enn vun der Zäitëmstellung, dat fir 2019 geplangt war, awer op 2021 verréckelt. D'Memberstaate si sech allerdéngs net eens ginn an d'Pläng goufen op Äis geluecht.
De Kärproblem ass d'Fro, wéi eng Zäit dauerhaft soll gëllen: d'Normalzäit oder d'Summerzäit. Gläichzäiteg soll verhënnert ginn, datt an der EU en Duerchernee mat verschiddenen Zäitzonen entsteet. Verschidden EU-Staate si generell géint d'Ofschafe vun der Zäitëmstellung.
An Däitschland ass den Interessi un dësem Thema besonnesch grouss. Vun den 4,6 Millioune Leit, déi 2018 un enger EU-Onlineëmfro dozou deelgeholl hunn, koumen eleng dräi Milliounen aus Däitschland.