Kampf géint den Drogenhandel1.400kg Drogen a 2.500 Cannabisplanzen saiséiert, 1.600 Verdächteger festgeholl

RTL Lëtzebuerg
An Australien hat eng speziell Operatioun vun der Police grousse Succès. Bannent 5 Deeg goufen enorm Zommen un Drogen a Planze saiséiert.
© AFP Archiv

D’Operatioun “Vitreus” vun der australescher Police hat als Zil, d’Disponibilitéit un illegalen Drogen am ganze Land ze reduzéieren. D’Aktioun ass vum 19. bis den 23. August gelaf. Heimat wollt ee géint den Drogenhandel an déi organiséiert Kriminalitéit virgoen.

Ganzer 1.600 Verdächteger goufen an dësem Kader festgeholl, 1.400 Kilogramm Drogen an 2.500 Cannabisplanzen am Wäert vu 56 Milliounen Euro goufe saiséiert. Dorënner war Heroin, Methylamphetamin, Kokain, MDMA a Ketamin.

Back to Top
CIM LOGO