
"Et wäert ganz geschwënn en Treffe ginn", esou den Trump e Mëttwoch viru Journalisten. "Ech mengen, datt dobäi grouss Fortschrëtter kéinte gemaach ginn".
Rezent hat de Kreml fir déi éischt Novemberhallschent direkt Negociatiounen tëscht russeschen an ukraineschen Ënnerhändler ënner US-Vermëttlung annoncéiert. Den ukrainesche President Selenskyj huet d'Pläng e Freideg op der Onlineplattform X bestätegt. "Elo musse mir eis all drop konzentréieren, datt dës Reuniounen och wäerten ofgehale ginn - zesumme mat Amerika, Europa an all eise Partner", hat de Selenskyj geschriwwen. Fir d'lescht haten déi dräi Säiten am Februar ouni Fortschrëtter negociéiert.
Scho leschte Mëttwoch hat den Trump sech zouversiichtlech iwwert en Enn vum Ukrain-Krich deemnächst geäussert. "Villäicht si mir elo esou no drun, wéi nach ni", sou den US-President viru Journalisten zu Washington no engem Treffe vu sengem Diplomat Steve Witkoff mam Wladimir Putin. Op alle Fall wier senger Aschätzung no en Accord méi no geréckelt.