Corona-Bilan1.835.824 Doudeger zanter dem Ufank vun der Pandemie

RTL Lëtzebuerg
Dat ass d'Zuel, déi d'Noriichtenagence AFP an hirem Bilan vun der Corona-Pandemie matdeelt. D'Belsch ass mat am schwéierste getraff bei den Doudesaffer.

Iwwer 84 Millioune Mënschen hu sech weltwäit mam Coronavirus infizéiert. Vun deene 84 Milliounen Infektioune gëlle der 54 Milliounen haut als geheelt. Déi Zuele baséieren op de Bilanen, déi reegelméisseg vun den nationale Gesondheetsautoritéite matgedeelt ginn, esou d’AFP.

Zanter dem Ufank vun der Pandemie wär d’Zuel vun de Corona-Tester ganz massiv an d’Luucht gaangen a se hätte sech och qualitativ verbessert.

Op den Dag vun e Samschdeg goufe weltwäit 8.133 Doudesaffer gemellt an 578.676 Neiinfektiounen. Déi meeschten Doudeger hunn d’USA ze verzeechnen, dat mat 2.378, viru Russland mat 504 a Groussbritannien mat 445 den Dag.

D’USA bleiwen dat Land, wat am schwéierste vun der Pandemie getraff ass, mat bis ewell ronn 350.000 Doudegen op ronn 20,5 Milliounen Infektiounen. Direkt hannendru kënnt Brasilien an dann Indien.

E weidere Constat, deen d’AFP konnt an hirem Bilan zéien, ass dass och d’Belsch zu deene Länner gehéiert, déi am schwéierste getraff goufen, wat d’Ratio vun Doudege pro 100.000 Awunner ugeet. Bei eisen Nopere läit déi Zuel bei 169, a Slowenien bei 133 an an Italien bei 124.

Back to Top
CIM LOGO