Eng vun hinnen ass d’Claudia Major, eng international Expertin, déi ënner anerem e Fuerschergrupp vun der Berliner Stëftung Wëssenschaft a Politik leet an déi däitsch Regierung an den Ausseministère beréit.
En Donneschdeg war si zu Lëtzebuerg fir eng Konferenz. D’Caroline Mart huet profitéiert, e längeren Interview mat hir iwwert méiglech Zenarie vun dësem Krich ze maachen. Am éischten Deel geet et dorëm, wie si da mengt deen de Krich wanne kann, zu wéi engem Präis, a wat d’Konsequenzen dervu sinn.
Ouni westlech Hëllef, ouni massiv Suen, politesch a virun allem och militäresch Hëllef, hätt d’Ukrain et sécher net fäerdeg bruecht, scho bal ee Joer laang de russeschen Truppen d’Stier ze bidden. Freet sech just, wéi laang si dat packen, op d’Hëllef konsequent a séier genuch ass, a wéi staark déi russesch Arméi ass.
Iwwert méiglech Zenarien, wéi dëse Krich ka weider goen an ausgoen, doriwwer gëtt vill diskutéiert, net ëmmer och mat der néideger sécherheetspolitescher Expertis.
Déi international Sécherheetsexpertin Claudia Major gleeft net drun, datt et geschwë Fridden an der Ukrain gëtt. Si ass och dovunner iwwerzeegt, datt et kuerz- a mëttelfristeg keen zeréck zu eisem ale Liewe gëtt, also deem Liewen ier Russland d’Ukrain de 24. Februar iwwerfall huet.
Si ass dovunner iwwerzeegt, datt ee mat enger weiderer russescher Offensiv am Donbass muss rechnen. Truppebeweegunge géifen dorop hindeiten an et misst een och vun enger massiver Offensiv ausgoen.
Ee vun de méigleche Zenarien ass, datt Russland de Krich gewënnt. Sollt dat de Fall sinn, wier d’Land awer net op Dauer ze halen, seet d’Claudia Major.
“Et kann een de Krich gewannen, awer net de Fridde gewannen. An de Gebidder, déi Russland besat huet, ginn et elo schonn Informatiounen iwwer Partisanen oder Guerillia-Kämpfer. Wann een déi offiziell Sondagen an der Ukrain kuckt, gëtt et eng ganz staark Ënnerstëtzung fir de Kurs vun der Regierung. Dat heescht esouguer, wa Russland géif probéieren nach méi Deeler ze erueweren, muss een dovunner ausgoen, datt d’Ukrain, datt net acceptéiert, mä sech géint déi russesch Occupatioun wiert.”
Zil muss et awer sinn, datt d’Ukrain dëse Krich gewënnt. D’Sécherheetsexpertin huet ënnerstrach, datt eng souverän, onofhängeg, demokratesch a stabil Ukrain och fir eis a Westeuropa, an der EU an an der NATO, déi beschte Sécherheetspreventioun ass, déi mer kënnen hunn.
“Wa Russland dëse Krich sollt gewannen, kann et doraus d’Conclusioun zéien, datt Krich sech rentéiert. Datt ee seng Ziler mat Krich kann erreechen. Domadder wier d’Sécherheetssitutioun an Europa fir eis all däitlech méi schlecht a Russland géif méi no un EU- an NATO-Territoire réckelen. Et géif da quasi op der polnescher Grenz stoen.”
Et geet also ëm Sécherheetspreventioun, mä och ëm d’Fro, no wéi enge Reegele Staate mateneen ëmginn, esou déi däitsch Sécherheetsexpertin. Ob et Konsequenze gëtt, wann ee Reegele brécht oder ob et déi Konsequenzen net gëtt.
Den Zweeten Deel vum Interview, wou et och ëm Waffeliwwerungen, d’Gefor vun Eskalatioun, oder d’Perspektive fir d’Ukrain an der EU geet, weise mir e Freideg am Journal.