
Dat huet d’Finanzministesch Rachel Reeves um Sonndeg annoncéiert. A wirtschaftlech schwieregen Zäite probéiert si d’Staatsfinanzen ze sanéieren. Virop sollen déi administrativ Funktiounen an d’Bürokratie ofgebaut ginn. Et wier méi wichteg, datt Leit an de Schoulen a Spideeler oder bei der Police schaffen, wéi an der Administratioun, esou d’Ministesch.
Deemno sollen eng 10.000 vun alles an allem 500.000 Fonctionnairesposten ofgebaut ginn.