Europäesche Geriichtshaff112 muss GPS-Informatioune vun Uruffer kréien

RTL Lëtzebuerg
Telekommunikatiounsfirme mussen der Zentral vum 112 GPS-Informatioune vun engem ginn, deen d'Rettungsdéngschter urifft.
© AFP

Dat ass en Donneschdeg an engem Uerteel vum europäesche Geriichtshaff hei zu Lëtzebuerg ze liesen. D’EU-Staate misste garantéieren, datt dës Reegelung och agehale gëtt.

D’Mesure géif och fir Handye gëllen, déi keng Sim-Kaart hunn. Hannergrond vum Uerteel ass eng Affär a Litauen, wou ee Meedche vu 17 Joer entféiert, vergewaltegt an dunn an d’Mall vun engem Auto gespaart gouf, deen a Brand gesat gouf.

D’Meedchen hat an der Mall nach versicht, eng gutt Dosende Mol den 112 unzeruffen. Deem war et awer net méiglech, d’Affer ze lokaliséieren.

Back to Top
CIM LOGO