YemenUNO-Mataarbechter am Prisong gestuerwen

Annick Goerens
Wéi et vun der jemenittescher Regierung heescht, soll den UNO-Mataarbechter am Prisong gefoltert gi sinn.
Wéi et vun den Autoritéiten heescht, wieren den Ament nach 70 UN-Mataarbechter an der Gewalt vun den Huthi.
© MOHAMMED HUWAIS/AFP

Am Yemen ass e Mataarbechter vum UNO-Mënscherechtsbüro am Prisong gestuerwen. Hie war am Juni 2024 vun den Huthi-Rebelle festgeholl ginn a soll am Prisong zu Doud gefoltert gi sinn. Déi genee Ëmstänn sinn nach onkloer. D'Informatioune komme vun engem Minister aus der jemenittescher Regierung.

Den Ament wieren nach méi wéi 70 UN-Mataarbechter an der Gewalt vun den Huthi. D'Rebelle reprochéieren hinnen an der Reegel Spionage fir d'USA oder Israel.

Zanter August sinn der Weltgesondheetsorganisatioun WHO no op d'mannst 1.500 Leit am Kader vun der Eskalatioun vum Konflikt ëm d'Liewe komm.

Back to Top
CIM LOGO