
Den Teenager gouf no der Dot festgeholl, d’Affer koum mat “Schoss-Wonnen am Hals-Beräich” an d’Spidol a gouf operéiert, säin Zoustand ass entretemps stabil. Den 13 Joer alen Täter soll fréier an d’Schoul, wou d’Dot geschitt ass, gaange sinn, huet dës awer aus “disziplinaresche” Grënn nees verlooss.
D’Dot ass nëmmen ee Mount nom bluddegen Amoklaf vun engem 13 Joer ale Jong am Nopeschland Serbien geschitt, bei deem an enger Primärschoul 9 Kanner an 1 Sécherheetsmann erschoss goufen.
Wärend dem Bosniekrich an den 90er Jore gouf eng grouss Unzuel u Waffen an d’Land geschmuggelt. Nom Krich hunn d’Autoritéiten d’Bierger dozou opgeruff, dës fräiwëlleg ofzeginn, och goufe vill Perquisitiounen duerchgefouert. Trotzdeem gëtt geschat, datt a Bosnien 31 vun 100 Awunner eng Schosswaff besëtzen, wat den héchste Waffebesëtz-Undeel a ganz Europa ass.