Serbien trauert14 Mënsche gestuerwen, wéi Daach vu Gare an de Koup gefall ass

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg hu vill Leit Käerzen a Blumme bei der Gare zu Novi Sad niddergeluecht, fir deenen ze gedenken, déi beim Ongléck e Freideg gestuerwe sinn.
© Serbian Interior Ministry / Hand / Anadolu via AFP

“Dat hätt net dierfe geschéien, et ass schockant”, sot eng Fra op der Plaz. “A keen huet Erklärungen dofir, wat geschitt ass.”

E Freideg de Moie war aus nach ongekläerter Ursaach bemol e Virdaach vun der Gare an de Koup gefall. Drënner stounge wéi gewinnt vill Pendler, déi op hiren Zuch gewaart hunn. 14 Mënsche si beim Ongléck ëm d’Liewe komm, dorënner och ee Kand. Eréischt am Juli war d’Gare no 3 Joer laange Renovatiounsaarbechten nees komplett a Betrib geholl ginn.

Den Inneminister Ivica Dacic huet e Samschdeg op der Tëlee erkläert, datt d’Sich no de Responsabele vum Ongléck “haut ugefaangen” huet. De Parquet wéilt deemno 200 Mënsche befroen - “ugefaange vu ganz uewen, Leit aus de Ministèren an der staatlecher Bunn”. D’Police huet ausserdeem Dokumenter am Zesummenhang mat der Gare vum Ministère fir Bau, Verkéier an Infrastruktur saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO