
Zu der Explosioun ass et em Bundesstaat Jigawa am Norde vum Land komm. Wéi e Spriecher vum lokale Katastropheschutz géigeniwwer der Noriichtenagence AFP sot, wier dovun auszegoen, dass d’Zuel vun den Doudesaffer nach wäert klammen.
Wéi et vun der nigerianescher* Police heescht, wier de Camion en Dënschdeg zu Majia accidentéiert. Beim Accident wier Bensinn ausgelaf a vill Leit wieren doropshi bei de Camion gelaf, fir de Bensinn anzesammelen. De Camion wier schliisslech explodéiert, ewéi d’Leit nach an der Strooss stoungen. Et hätt een nach versicht, de Mënschegrupp opzeléisen, ma d’Beamte wiere vun der Mass u Leit zeréckgedréckt ginn, sou e Policespriecher géigeniwwer der AFP.
*An enger ursprénglecher Versioun vum Artikel stoung, den Accident wier am Kenia geschitt.