
Vun de Vereenten Natiounen heescht et iwwerdeems, dass sechs Mataarbechter vum UN-Flüchtlingswierk fir Palästinenser (UNRWA) bei der Attack ëm d’Liewe komm sinn. De Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen Antonio Guterres huet den Tëschefall op der Social-Media-Plattform X als inakzeptabel bezeechent.
Vum UNRWA selwer heescht et iwwerdeems, dass nach ni esouvill Mataarbechter vum Hëllefswierk bei enger eenzeler Attack ëm d’Liewe komm wieren. Déi concernéiert Schoul wier zanter dem Ufank vum Krich scho fënnef Mol ugegraff ginn. An hir géife sech 12.000 Zivilisten ophalen.
Israel huet d’Attack confirméiert a behaapt, dass d’Hamas e Kommando-Posten am Gebai installéiert gehat hätt.