Mamm a Geschwëster ëmbruecht19 Joer ale Mäerder a Groussbritannien zu 49 Joer Prisong verurteelt

RTL Lëtzebuerg
Hien hat seng Mamm a seng Geschwëster erschoss an hat e Massaker a senger Schoul geplangt.
© AFP

Hien hätt mat dësen Dote wëlle berüümt ginn, esou d’Riichterin haut bei der Annonce vum Uerteel. Nieft der Héchststrof huet d’Riichterin ordonéiert, datt den Täter fréistens no 49 Joer kann aus dem Prisong erauskommen.

Den Teenager vun deemools 18 Joer hat am September zejoert seng Mamm, seng 13 Joer al Schwëster a säi 16 Joer ale Brudder erschoss. Säi Brudder huet hien donieft nach mat méi wéi 100 Messerstéch attackéiert. De Kaméidi an der Wunneng huet d’Noperen alertéiert, déi doropshin d’Police geruff hunn.

Nëmmen doduerch konnt dat geplangte Massaker an enger Schoul an der Géigend verhënnert ginn. Den Täter hat nämlech wëlles, a seng fréier Grondschoul ze goen, fir do Dosende Schüler a Schülerinnen am Alter vu 4 a 5 Joer, genee wéi d’Léierpersonal an duerno sech selwer, ëmzebréngen.

Back to Top
CIM LOGO