Syrien2 Fligere mat Hëllefsgidder an der Haaptstad Damaskus gelant
RTL Lëtzebuerg
Si sinn Deel vun enger humanitärer Loftbréck fir Syrien an haten ënnert anerem wandfest Zelter a mobil Heizungen u Bord.
Update: 26.02.2023 15:18
Et ass materiell Hëllef, déi aus EU-Lager zu Dubai an zu Brindisi an Italien kënnt a fir déi Leit geduecht ass, déi Affer vun deene schroen Äerdbiewe gi sinn.
Iwwert dës Loftbréck sollen am Ganzen 420 Tonnen Hëllefsgidder geliwwert ginn.