Belsch277.000 € kascht en Duerchschnëtthaus an der Belsch

RTL Lëtzebuerg
Et goufen 2,7% manner Immobilieverkeef zejoert an der Belsch. An der Province de Luxembourg ass et eng Präishausse vun 11,2 Prozent.

Duerch d’Covid-Kris goufen et virun allem am 1. Lockdown vill manner Transaktiounen um belschen Immobiliëmarché. Deen huet sech awer am Laf vum ganze Joer nees e bëssen erholl. Manner verkaf gouf virun allem zu Bréissel an a Flandern, wärend de Marché an der Wallonie stabel bliwwen ass. Wat awer festgestallt gouf, ass dass d’Präisser uechter dat ganzt Land geklomme sinn.

An der Moyenne huet ee mussen 277.000 Euro fir en Haus an der Belsch bezuelen. Dat sinn 5,7% méi wéi dat Joer virdrun. Sou eng Hausse gouf et net méi zanter 2011. Bei den Appartementer muss ee mat 244.000 rechnen an der Moyenne.

Zu Bréissel sinn d’Appartementer nach ëmmer am deiersten, dat mat 275.000 Euro an der Moyenne.

Déi gréissten Hausse bei den Immobiliëpräisser gouf et an der Province de Luxembourg (+11,2%), déi doduerch elo als zweetdeierst Provënz am Land gëllt, hannert dem Brabant wallon. Am mannste geklommen sinn d’Präisser an der Provënz Namur (+4,1%).

Intressant ass och den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi sech eng Immobilie kafen. Dee läit an der Belsch bei 42 Joer.

Back to Top
CIM LOGO