
All Joers pilgere Schiitten an den Irak, fir hei um Gedenkfest Arbain deelzehuelen. Um Dënschdeg den Owend war e Bus voll mat pakistanesche Pilger aus dem Iran an der Provënz Jasd ënnerwee, fir un dësem Fest deelzehuelen. Um Wee ass de Bus verongléckt. 28 Persoune sinn heibäi ëm d’Liewe komm, weider 23 Pilger goufe blesséiert, wéi d’Noriichtenagence Irna mellt.
Wéi et zum Accident koum, ass nach net gewosst. Op enger Foto vun Irna ass nëmmen ze gesinn, wéi e Bus um Daach läit.