Mexiko29 Doudeger no Festnam vum Bouf vum Droge-Baron "El Chapo"

RTL Lëtzebuerg
Spezialkräften hunn en Donneschdeg den Ovidio Guzman, Bouf vum Drogeboss Joaquín Guzman alias "El Chapo", festgeholl.
© CEPROPIE/AFP/File/HO

Wéi de mexikanesche Verdeedegungsminister Luis Cresencio Sandoval géigeniwwer Journaliste sot, wier den Ovidio Guzman - ailas “El Raton” also d’Maus - an der Stad Culiacan am Nordweste vum Land festgeholl ginn.

Hie kritt reprochéiert, eng Fraktioun vum sougenannte Sinaloa Cartel unzeféieren. Dëse Kartell, deen e groussen Deel vum Drogenhandel a Mexiko an den USA kontrolléiert, gouf vu sengem Papp matgegrënnt. De Joaquin Guzman gouf dowéinst an den USA zu enger liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt.

D’Festnam vum Ovidio Guzman kënnt nëmmen e puer Deeg éier de mexikanesche President Andres Manuel Lopez Obrador den US-President Joe Biden fir eng Visitt empfänkt. D’USA haten eng Belounung vu 5 Milliounen Dollar fir Informatiounen, déi zum “El Raton” senger Festnam féieren, versprach.

No der Festnam vum Guzman ass et a Mexiko zu schwéieren Ausernanersetzungen tëscht Bandememberen an dem Militär komm. Unhänger vum El Chapo sengem Jong hunn Stroosseblockaden opgeriicht, Autoen a Brand gesat a souguer de Fluchhafen attackéiert. Dobäi wieren dem Luis Cresencio Sandoval no 10 Membere vum Militär an 19 Krimineller ëm d’Liewe komm.

Den Awunner gouf geroden, Doheem ze bleiwen an och e Freideg solle Schoulen am Bundesstaat Sinaloa nach zou bleiwen. 2019 gouf de Ovidio Guzman schonn eng Kéier festgeholl, mee hie gouf vun den Autoritéite fräigelooss, fir schlëmmer Ausschreidungen ze verhënneren.

Back to Top
CIM LOGO