Am kolumbianesche Reebësch3 Kanner an ee Puppelchen no Fligerongléck vermësst

RTL Lëtzebuerg
Am kolumbianesche Reebësch gëtt no dräi Kanner an engem Bëbee gesicht, déi wuel e Fligerongléck Ufank Mee iwwerlieft sollen hunn.
© Handout / Colombian Army / AFP

D’Läich vum Pilot an de béiden erwuessene Passagéier wieren antëscht fonnt ginn, wéi et vun den Autoritéiten en Dënschdeg heescht. Et geet een dovun aus, datt d’Kanner nach liewen, well d’Biergungsekippen ugebass Friichten an der Géigend vum ofgestierzte Fliger fonnt hunn.

D’Cessna 206 war den 1. Mee iwwert dem Amazonas-Reebësch vum Radar verschwonnen. Zu deem Zäitpunkt war de Fliger an der Géigend vu San José del Guaviare, enger vun de gréisste Stied am kolumbianeschen Amazonasgebitt. Vue datt de Bësch an deem Gebitt immens dicht a schwéier accessibel ass, gouf fir d’éischt aus der Loft no der vermësster Maschinn gesicht.

Eréischt e Méindeg hunn d’Rettungsekippen d’Plaz erreecht, op där de Fliger opgeschloen ass, wéi de Chef vum lokalen Zivilschutz der Noriichtenagence AFP géigeniwwer erkläert huet. Op Twitter huet d’kolumbianesch Arméi Fotoe vum Wrack am Dschungel publizéiert.

Back to Top
CIM LOGO