Ë.a. Manager vu Restaurant festgeholl31 Doudesaffer bei Gasexplosioun a China

RTL Lëtzebuerg
Schonn 1 Stonn virun der Explosioun hu Mataarbechter Gas geroch. Ma amplaz d'Gäscht z'evakuéieren, sollt fir d'éischt en defekt Ventil reparéiert ginn.

An engem Restaurant an der chineesescher Stad Yinchuan koum et e Mëttwoch den Owend zu enger Gasexplosioun. 31 Mënsche sinn dobäi ëm d’Liewe komm, 7 goufe blesséiert, dorënner eng Persoun schwéier, wéi staatlech Noriichtesender en Donneschdeg mellen. Zwee Blesséierte solle mëttelschwéier Verbrennungen dovu gedroen hunn.

Ursaach fir d’Explosioun soll wuel eng Gasfuite gewiescht sinn. De chineesesche Staatschef Xi Jinping huet direkt eng Enquête zum Ongléck ordonéiert.

Néng Persoune goufe bis ewell festgeholl, dorënner de Manager vum Restaurant, en Aktionär a Mataarbechter, wéi d’Staatstelevisioun gemellt huet. Wéi et vun der Regierung vun der Stad Yinchuan heescht, hätten ee Mataarbechter an e Kach schonn eng Stonn virun der Explosioun Gasgeroch bemierkt. Nodeems festgestallt gouf, datt e Ventil vun engem Gastank futti war, wier en anerer Mataarbechter geschéckt ginn, en neit Ventil ze kafen. Zu der Explosioun wier et du komm, wéi d’Ventil ausgetosch sollt ginn.

Fir d’éischt wier e Gastank um Rez-de-chaussée explodéiert, éier eng Gasleitung um éischte Stack geplatzt wier. Sëllege Gäscht waren dee Moment um éischte Stack fir z’iessen oder Karaoke ze sangen, wéi d’Noriichtenagence “Fengmian Xinwen” mellt.

Aus wéi engem Grond de Restaurant net direkt evakuéiert gouf, nodeems d’Gasfuite opgefall war, ass bis ewell nach net gekläert. Nom Ongléck goufen d’Mënschen an der Ëmgéigend a Sécherheet bruecht. D’Secouriste probéiere weiderhin, d’Identitéit vun den Affer festzestellen.

Back to Top
CIM LOGO