
Och de republikaneschen Ex-President an aktuelle Kandidat fir d’Presidence Donald Trump hat dës Behaaptung wärend der Debatt mat senger demokratescher Géignerin Kamala Harris widderholl. Wéi et vum Gouverneur vum Bundestaat Ohio Mike DeWine heescht, sinn zanterdeem 33 Bommemenacë géint ënnerschiddlech Ariichtungen an der Stad erakomm, ënner anerem géint zwou Schoulen, déi e Méindeg evakuéiert goufen.
Och soll et eng Bommemenace géint de sougenannte “Statehouse” an der Haaptstad vun Ohio, Columbus, ginn hunn. De Statehouse ass de Sëtz vum Representantenhaus an dem Senat vun Ohio.
D’Autoritéite vun der Stad hu widderhuelt drop higewisen, datt déi vun de Republikaner verbreet Uschëllegunge keng Grondlag hätten. Och d’Wäisst Haus huet d’Verbreedung vun de Rumeure kritiséiert: “Dës Aart vun Desinformatioun ass geféierlech, well et Mënsche wäert ginn, déi et gleewen, egal wéi lächerlech an domm dat ass”, esou den John Kirby, Spriecher vum Nationale Sécherheetsrot.
Zu Springfield wunne ronn 58.000 Leit. D’Stad huet a rezente Joren en Zoulaf vu Migranten, besonnesch aus Haiti erlieft. Hir Zuel gëtt op bis zu 15.000 geschat.