A Frankräich38 Enquêtë wéinst Policegewalt

RTL Lëtzebuerg
A Frankräich goufen 38 Enquêten opgemaach wéinst dem Ëmgang vu Polizisten a Gendaarme mat Leit, déi géint d'Pensiounsreform demonstréiert hunn.
© AFP Archivbild

Dat huet den Inneminsiter Gérald Darmanin e Sonndeg an engem Interview am “Journal du Dimanche” bekannt gemaach, no Kritik wéinst Policegewalt. Dat géing ganz seriö geholl ginn. Den Inneminister huet d’Police awer verdeedegt a gesot, verschidde Manifestante wiere gewalttäteg. Méi wéi 1.000 Polizisten a Pompjeeë wiere blesséiert ginn. Zuelen zu blesséierten Demonstranten huet de Minister net genannt.

Back to Top
CIM LOGO