Philadelphia4 Doudeger bei enger Schéisserei

RTL Lëtzebuerg
Zu Philadelphia an den USA huet e Mann mat engem Maschinnegewier ëm sech geschoss an dobäi 4 Mënschen ëmbruecht.
© KYLE MAZZA ANADOLU AGENCY Anadolu Agency via AFP

Ausserdeem huet hien zwee Kanner blesséiert, éier hie schliisslech selwer vun der Police erschoss gouf.

Wéi vun den Ermëttler heescht, hätt de Mann eng kugelsécher West un a seng Dot am Virfeld geplangt gehat.

Zanter dem Virowend vun Nationalfeierdag goufen uechtert d’USA am Ganze 15 Masseschéissereie gezielt. Zanter dem Ufank vum Joer waren et der ONG “Gun Violence Archive no” schonn 340.

Back to Top
CIM LOGO